Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 1d ago
eight 年前 前追加した
コンテンツは RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg によって提供されます。エピソード、グラフィック、ポッドキャストの説明を含むすべてのポッドキャスト コンテンツは、RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg またはそのポッドキャスト プラットフォーム パートナーによって直接アップロードされ、提供されます。誰かがあなたの著作物をあなたの許可なく使用していると思われる場合は、ここで概説されているプロセスに従うことができますhttps://ja.player.fm/legal。
Player FM -ポッドキャストアプリ
Player FMアプリでオフラインにしPlayer FMう!
Player FMアプリでオフラインにしPlayer FMう!
聞く価値のあるポッドキャスト
スポンサード
S
Squid Game: The Official Podcast
Squid Game is back, and so is Player 456. In the gripping Season 2 premiere, Player 456 returns with a vengeance, leading a covert manhunt for the Recruiter. Hosts Phil Yu and Kiera Please dive into Gi-hun’s transformation from victim to vigilante, the Recruiter’s twisted philosophy on fairness, and the dark experiments that continue to haunt the Squid Game. Plus, we touch on the new characters, the enduring trauma of old ones, and Phil and Kiera go head-to-head in a game of Ddakjji. Finally, our resident mortician, Lauren Bowser is back to drop more truth bombs on all things death. SPOILER ALERT! Make sure you watch Squid Game Season 2 Episode 1 before listening on. Let the new games begin! IG - @SquidGameNetflix X (f.k.a. Twitter) - @SquidGame Check out more from Phil Yu @angryasianman , Kiera Please @kieraplease and Lauren Bowser @thebitchinmortician on IG Listen to more from Netflix Podcasts . Squid Game: The Official Podcast is produced by Netflix and The Mash-Up Americans.…
ALPINA B3 a B4 GT, 25/07/2024
Manage episode 430724310 series 1277340
コンテンツは RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg によって提供されます。エピソード、グラフィック、ポッドキャストの説明を含むすべてのポッドキャスト コンテンツは、RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg またはそのポッドキャスト プラットフォーム パートナーによって直接アップロードされ、提供されます。誰かがあなたの著作物をあなたの許可なく使用していると思われる場合は、ここで概説されているプロセスに従うことができますhttps://ja.player.fm/legal。
Et gëtt nach Marken déi ganz kleng Stéck Zuele pro Joer produzéieren.
…
continue reading
Eng vun deenen ass ALPINA zu Buchloe am Allgäu. All Joer invitéiere si op en anere Circuit fir do di neiste Kreatiounen ze presentéieren, an déi Kéier war dat de Sachsenring bei Chemnitz.
De Christian Schmit war fir den Automag dohin.
98 つのエピソード
Manage episode 430724310 series 1277340
コンテンツは RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg によって提供されます。エピソード、グラフィック、ポッドキャストの説明を含むすべてのポッドキャスト コンテンツは、RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg またはそのポッドキャスト プラットフォーム パートナーによって直接アップロードされ、提供されます。誰かがあなたの著作物をあなたの許可なく使用していると思われる場合は、ここで概説されているプロセスに従うことができますhttps://ja.player.fm/legal。
Et gëtt nach Marken déi ganz kleng Stéck Zuele pro Joer produzéieren.
…
continue reading
Eng vun deenen ass ALPINA zu Buchloe am Allgäu. All Joer invitéiere si op en anere Circuit fir do di neiste Kreatiounen ze presentéieren, an déi Kéier war dat de Sachsenring bei Chemnitz.
De Christian Schmit war fir den Automag dohin.
98 つのエピソード
כל הפרקים
×1 La Bagnole vu Kilow "made in France", kënnt aus der Haute Savoie, 20/01/2025 2:30
2:30
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
2:30Et war den heemleche Star um Mondial de l’Auto zu Paräis. La bagnole, vun der franséischer Mark Kilow. Kilow steet hei fir e nidregt Gewiicht, an et et ass an sech esou eppes wéi 2 CV an 21. Jorhonnert interpretéiert. De Christian Schmit souz schon dran.
Den Audi Q6 e-tron am Alldag, dat ass eisen Testauto an deenen nächste Minutten. De Christian Schmit war am groussen SUV vun der Mark mat de véier Réng ënnerwee. Salut Christian...
1 Automag: International Presentatioun vum Opel Frontera, 06/01/2025 0:12
0:12
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
0:12Den Opel Frontera steet haut am Mëttelpunkt am Automag. Dee gouf am Dezember op enger Plaz presentéiert wou vill Lëtzebuerger ganz gäre Vakanz maachen. Palma de Mallorca war ausgewielt ginn, an de Christian Schmit huet dierfe mat dohinner, an ass déi zwee Modeller gefuer.
An der leschter Stonn war de Premierminister den Invité fir de Neijosch Interview am Automag. Do huet hien verzielt dass hien eigentlech vill méi dacks selwer hannert de Volant wéilt, sech wënscht dass mir d'Mobilitéit am Alldag mat engem gudde Mix aus individuellen an ëffentlechen Transport och 2025 hikréien. Hien huet léiwer di neisten Technologie déi um Marché ass wéi en Oldtimer. Huet als Déngscht Limousine déi vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn geierft. An elo am zweeten Deel gi mir gewuer op een och alt mam Moto oder Vëlo ënnerwee ass, mam ëffentlechen Transport eventuell? Schéin Erliefnesser ënnerwee mam Auto, den 1. Auto iwwerhaapt, de Punkte Konto an d'Gléckwënsch fir d'neit Joer ginn et och. De Christian Schmit am Interview mam Premierminister Luc Frieden.…
2025 hu mir gëscht ugefaangen. An am Automag ass een haut besonnesch houfreg de Staatsminister Luc Frieden ze begréissen. Wat huet deen 2024 beweegt, a wat wënscht e sech a Saache Mobilitéit fir 2025? De Christian Schmit huet dat dëser Deeg am Staatsministère nogefrot.
D'Mark mat de 4 Réng, Audi ass am Moment ganz äifreg, a presentéiert nei Modeller. Och Elektroautoen kann een elo a ville Variatioune bei hinne bestellen. Den A6 e-tron gläich an zwou Varianten. De Christian Schmit war fir den Automag op der internationaler Presentatioun dobäi.
Am Automag vun haut komme mer op e Gefier ze schwätzen, bei deem mer bei der internationaler Presentatioun schonn dobäi waren. Elo konnt den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun de Renault Scenic E-Tech och heiheem op eise Stroosse fueren.
Ier en iwwerhaapt op eise Stroosse fiert, erlieft de Revival vum Renault 5 schonn eng enorm Zoustëmmung beim Public. Vun dëser Well wëll d’sportlech Sous-Marque Alpine natierlech och profitéieren a lancéiert knapp nom neie Cinq hir Interpretatioun mam Numm Alpine A 290. De Paul Origer ass de franséischen Elektro Hot Hatch zu Mallorca gefuer.…
Am Automag vun haut gëtt et sportlech: den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis mam Golf 8 GTI ënnerwee. Top oder Flop? Mir ginn et elo gewuer.
Mam Explorer lancéiert Ford hiren zweeten, rengrassegen Elektroauto a verfollegt domat weider hir Strategie, d’Gamm un BEV, also Batterie-Elektreschen Autoen ze vergréisseren. Wéi sech den Explorer am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.
Den Auto, dee mer haut am Automag méi genee kenne léieren, dierf och mol méi knaschteg ginn. Rieds geet vum Subaru Forester. Den Akim Schmit huet d’Detailer.
Am Automag vun haut steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.
2024 war e wichtegt Joer fir Mini, schliisslech gouf dee fonkelneien 3-dieregen Hatchback lancéiert. Nieft den normale Verbrennerversiounen gëtt et de Mini awer och nees elektresch, esouguer an zwou Ausféierungen. De Paul Origer hat d’Topversioun Cooper SE am Alldagstest.
Am September duerfte mer e just kucken, am Oktober war et dunn esouwäit a Cupra huet op de Fuertest vum neien Terramar agelueden. Wéi een Androck de spuenesche Brudder vum VW Tiguan mécht, dat huet de Paul Origer fir eis op de Stroossen an a ronderëm Barcelona erausfonnt.
An eisem Automag vun haut si vill Päerd am Spill. Nämlech am Ganzen 1.040 PS. Wann ech soen am Ganzen, da schwätze mer an den nächste Minutten iwwer zwee Autoen. Engersäits den Audi RS 3 an anersäits den Audi RS Q8 Performance, De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass elo bei mir, Rich mat wat fir engem Modell fänks du gären un?…
Zwee ganz ënnerschdilech Sportsween sti sech haut am Automag géintiwwer. De 100 % elektreschen Hyundai Ioniq 5N aus Korea, an de klassesche Verbrenner aus Amerika, d' Corvette C8 Komplett verschidden, an awer e puer Saachen "en commun"? De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deen zwee an huet et erausfonnt.…
Am Automag geet et haut "Back to the Future". Mir schwätzen nämlech iwwer eng Legend. D'R5 ass nämlech nees zeréck. Déi kleng Franséisin, koum 1972 op de Marché a gouf bis 1996 gebaut. Duerno war Schluss. Elo ass den Auto awer nees do. De Rich Simon hat d'Chance d'R5 ze fueren. Ech denken, du waars gespaant, wat op dech duerkomme géif....…
Am Automag vun haut gëtt et sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den neie Porsche Macan fir eis méi genee ugekuckt. Woubäi, dee kenne mer dach schonn?
Am Automag presentéiere mir iech a leschter Zäit ëmmer méi dacks Elektro-Autoen. Dat ass haut awer net de Fall. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass esouwuel mat engem Bensinner wéi och mat engem Diesel ënnerwee.
1 Réckbléck op de Mondial de l'Auto zu Paräis, 24/10/2024 2:08
2:08
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
2:08Leschte Sonndeg goung den Mondial de l'Auto an der Seine Metropole op en Enn. Den Automag war do op Besuch. Wat gouf gewisen, wat gouf gebueden? Abbé vum ganz abordabelen E-Auto bis zum Hyper Sports Woon fir ganz wéineg vun eis, waren zu Paräis um Rendezvous. De Christian Schmit mat den Detailer.
Dass et net ëmmer op t‘Gréisst ukënnt, dat mengt op t’mannst den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Hien war fir eis eng Woch lang mat engem vun de klengsten Autoen ënnerwee, déi et aktuell am Land ze kafe gëtt, dem neie Kia Picanto.
Dat een net vill Modelle a senger Gamme muss hunn, fir vill Autoen ze verkafen, dat huet an de leschte Joren, Polestar bewisen. Elo gëtt d'Offer awer bësse méi grouss. De Polestar 4 steet nämlech an de Showrooms. De Rich Simon, aus eiser Automag Redaktioun, hat den neien SUV schonns ënnert de Rieder. Wat has du dann genee ënnert de Rieder?…
Den Dacia Duster steet haut um Programm am Automag. E Modell, dee ganz vill zum Erfolleg vun der rumänescher Mark bäidréit, och elo sécherlech an der 3. Generatioun. An do weess een elo besonnesch gutt ze imponéieren, wéi de Christian Schmit bei sengem Test am Alldag erausfonnt huet.
Wat geschitt wann een en SUV an ee Kombi kräizt? Bei Mercedes kéint een d’Resultat All-Terrain nennen, den héichgeluechte Kombi am Offroad-Look. De Paul Origer hat fir eis de Mercedes C-Klass Allterrain am Alldagstest.
De grousse Won, dat ass e gewinnte Stärebild. An ëm e grousse Won geet et och elo am Automag. Made in Korea, de KIA Sorento HEV. Eng Hybrid Versioun ouni Kabel, deen iwwer dem Fueren oplued. Wéi attraktiv deen dann elo fir Famillje ka sinn, dat huet de Christian Schmit am Alldag um Volant erausfont.
Autoe mat enger Coupé Linn hu sech an tescht rar gemaach, mee et gëtt si nach. Bei Mercedes beispillsweis mam CLE. AMG – dräi Bustawen déi weltwäit fir automobil Héichleeschtung, Exclusivitéit an dynamesche Fuerspaass stinn. Zu Affalterbach bei AMG, do ginn déi Mercedes Modeller nach eng Kéier nogeschärft. A genee esou en AMG, den CLE 53 dee war elo an der Automag Redaktioun ukomm. A wien huet dierfen testen? Déi Kéier de Christian Schmit.…
E kéint dat neit Flaggschëff bei Renault ginn. Rieds ass vum Rafale. Ma ob den SUV-Coupé och am Alldag iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.
Stellt iech vir dir kommt mam engem Auto heem, wou de Noper mol net weess, datt et esou eng Mark iwwerhaapt gëtt. Esou kann et iech ergoen, wann der wéi de Christian Schmit mat engem X Peng heem kommt. Déi Mark kënnt aus China, an hie war mam Modell P7 hei zu Lëtzebuerg ënnerwee.
Hutt dir Bensinn am Blutt awer nach ni eppes vun der Mark Steeda héieren? Da bleift elo drun, vum Paul Origer gi mer gewuer wat hannendru stécht – hien duerft deen neie Q767 op Häerz an Nieren testen.
6 Joer ass et elo schonn hier, datt Cupra als eege Mark lancéiert gouf – zënterdeem geet et mam Succès nach just an eng Richtung: no uewen. Den neien Terramar, souzesoen den Tiguan vu Cupra, wäert do sécher nach emol fir e Schub suergen. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Barcelona derbäi.…
1 Evolutioun vun eise Pneuen a wat déi sou leeschte mussen, 05/09/2024 3:14
3:14
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
3:14Wat d’Pneuen op eisen Autoen alles esou leeschten an aushale mussen, nei Defien déi d' Elektro Mobilitéit mat séch bréngt, an Thema Nohaltegkeet, alles dat interesséiert eis haut am Automag. De Christian Schmit huet ech um Bord vun enger Auto Presentatioun mat engem Responsabelen fir dynamesch Tester aus der Pneue Branche konnten ënnerhalen.…
Net nëmmen zenter Corona genéisse Campervans e grousse Succès, bei VW ass de California, d’Campingversioun vum Multivan schonn zënter Generatiounen héich am Cours. Elo start den neie Modell op der Basis vum T 7.1 an de Paul Origer duerft deen neie California ënner héchst realistesche Konditiounen a Slowenien a Kroatien testen.…
Am Automag kucke mer eis haut den neie Mini un. An zwar net iergendeen, mee de Cooper S. Et gëtt deemno méi sportlech. A fir eis war den Akim Schmit aus der Automag Ekipp domat ënnerwee.
Dacks gëtt jo behaapt, d’Autosmarke produzéiere just nach Eenheetsbräi, an et kann ee se scho bal net méi vun eneen ënnerscheeden. Dass, dat awer net fir all Mark gëllt, weess den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten, well hie war mat engem ganz besonnesche Gefier ënnerwee.
Ee vun de wichtegste Modeller fir VW ass laang net méi de Golf mee schonn eng gutt Zäit den Tiguan. Den zweetgréissten SUV nom Touareg start elo an déi drëtt Generatioun an déi ass mat allem vollgepak, wat et vun neisten Technologie gëtt. Wéi sech den neien Tiguan am Alldag verhalen huet, dat seet eis elo de Paul Origer.…
Kann en Diesel Motor ënnert der Hauf hautdesdaags nach begeeschteren? Eng Fro déi de Christian Schmit sech gestallt huet o p engem Road Trip vun hei op de Sachsenring an Ost-Däitschland. Déngscht Limousine fir eng Woch war en ALPINA D3 S. Hei seng Impressiounen...
Iergendwéi trëfft Toyota den Nerv vun de Petrolheads – alles, wat déi zwee Buschtawe GR dréit, war a kuerzer Zäit ausverkaf. Esou och den éischte Worf vu Gazoo Racing, de GR Yaris. Elo gouf déi kleng Rennsemmel iwwerschafft an opgepeppt – mee freet iech net ze fréi; de Paul Origer, deen op der Presentatioun zu Lyon mat derbäi war, huet zum Schluss leider eng schlecht Noriicht.…
Porsche geet beim Facelift vum 911er beim Undriffskonzept nei Weeër. Wéi den neie GTS mat Hybrid-Technik sech fiert, huet den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun erausfonnt.
Et gëtt nach Marken déi ganz kleng Stéck Zuele pro Joer produzéieren. Eng vun deenen ass ALPINA zu Buchloe am Allgäu. All Joer invitéiere si op en anere Circuit fir do di neiste Kreatiounen ze presentéieren, an déi Kéier war dat de Sachsenring bei Chemnitz. De Christian Schmit war fir den Automag dohin.…
Am Automag vunhaut gëtt et net just „very british“ mee och zimlech sportlech. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis bei Lotus, an du hues der Emira de Bols gefillt.
D'Evolutioun bei den Elektro Autoen gëtt op Héichtoure viru gedriwwen. Och bei der Mark mat de 4 Reng, Audi. Déi wëlle jo bis 2027 an all Kategorie och en E-Modell an der Gamme hunn. Elo gouf dann den Audi Q6 e-tron offiziell presentéiert, a fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
Am Automag vun haut, si mir esouwuel elektresch wéi och mat Bensinn ënnerwee. De Rich Simon huet nämlech den neien Citroën C3, deen et mat Elektroundriff wéi och mat engem normalen Bensinnsmotor gëtt, getest. Mat wiem fänks de un, Rich?
Renault wëll zeréck an d’Premium-Segment, an dat mam neie Rafale. Wéi vill Premium am neien SUV-Coupé stécht, a wéi e sech op der Strooss schléit, huet den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp op der Presentatioun zu Sevilla probéiert erauszefannen.
Haut fuere mir BMW am Automag. Dat mat deem neien X2. Dee kann a senger neister Generatioun als Bensinner oder E-Auto bestallt ginn. An di zwee hat de Christian Schmit dann och am Alldag Test. A wéi hunn di zwee dann esou ofgeschnidden? Salut Christian.
1 Test MINI Countryman John Cooper Works ALL4, 27/06/2024 3:27
3:27
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
3:271959 ass fir déi éischte Kéier ee Mini iwwer d´Stroosse gerull an et gëtt en nach ëmmer. Et kann een allerdéngs net méi onbedéngt vun engem Mini schwätzen. Virun allem, wann et sech em de Countryman handelt. Iwwer dee schwätze mir an den nächste Minutten, mam Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun....…
125 Joer mat Héichten an Déiften ginn et haut am Automag. D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel, feiert Gebuertsdag an de Christian Schmit krut en exclusiven Abléck an d'Classic Werkstatt zu Rüsselsheim. Huet sech awer och fir d'Mark Opel hei zu Lëtzebuerg interesséiert.
Kleng an handlech ass e jo mol, de Citroën Ami. Wéi sech de klenge Fransous am Alldag schléit, an ob se da Kolleege gi sinn, dat verréit eis den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Well du has d’Éier den Ami an Ami Buggy ze probéieren.
Eng nei Mark huet um Lëtzebuerger Autofestival Première gefeiert: BYD. En éischte Kontakt gouf et awer scho virdrun, an zwar mat de Modeller Dolphin a Seal. No senger éischter Erfarung mam Seal op der Presentatioun zu Bréissel huet de Paul Origer de chineeseschen Tesla-Erausfuerderer am Alldag getest.…
Am Automag vun haut hu mer en Auto, deen näischt wierklech gutt kann, an awer den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp iwwerzeege konnt. Rieds geet vum Microlino.
1 Toyota Yaris Cross Hybrid (Facelift an Update), 10/06/2024 2:45
2:45
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
2:45Ëm den Toyota Yaris Cross geet et haut am Automag. Dee gouf iwwerschafft fir dass di positiv Verkafszuelen och weiderhi Bestand hunn. De Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
Am Automag vun haut steet mam Mercedes-Benz GLB en éischter kompakten SUV am Mëttelpunkt. Ob de 7-Sëtzer als Familljenauto iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.
No Seal an Dolphin huet sech eis Automag Ekipp op en Neits mat de Modeller vum chinesesche Constructeur BYD beschäftegt. Wéi sech den Atto 3 am Alldag geschloen huet, verréit eis den Akim Schmit.
Haut am Automag eppes aus der Kategorie Dramauto. E chice neie Cabriolet gouf bei summerlechen Temperaturen op Teneriffa presentéiert. Dat war de Mercedes-Benz CLE, an de Christian Schmit wosst dat ze genéissen.
D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel feiert 2024 125 Joer, an erfreet sech am Moment grousser Beléiftheet. A fir dass dat och esou bleift kommme permanent nei Modeller an de Showroom. Elo ass et da geschwënn um Frontera. Wéi e Profil dee wuel huet a genee positionnéiert soll ginn? Alles dat gouf de Christian Schmit op enger Avant-Première zu Rüsselsheim gewuer.…
E Méindeg nach mam Suzuki Swift ënnerwee, an haut mat engem SUV bei deem de Sport groussgeschriwwe geet. An eisem Automag treffe Welten openeen. Bei mir ass den Akim Schmit aus der Automag Ekipp, an du bass um neie Porsche Macan schonn de Rodage gefuer.
En ass kleng, bezuelbar, et ass zur Ofwiesslung mol keen SUV an e fiert nach mat Bensinn: am Automag vun haut stelle mer iech den neie Suzuki Swift vir. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis op der Präsentatioun mat dobäi.
Haut am Automag eng Avant Première. Dat mam Opel Grandland vun der zweeter Generatioun. Een aus der Kategorie SUV. Dat bleift esou, mee soss ass et dach e komplett neie Modell. Fir eis war de Christian Schmit dobäi wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf. Salut Christian.
Mir erënneren eis zeréck; iwwer 4 Joer ass et hier, datt Porsche mat hirem éischten Elektrosportler eng Revolutioun lancéiert hunn. Deemools goufen all méiglech Regëster gezu fir um absolut neiste Stand vu Leeschtung an Technik ze sinn – an awer war den Taycan elo zeideg fir e Facelift. Wat alles geännert gouf, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Sevilla erausfonnt.…
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...…
Kennt dir Astara? Nee, nach ni héieren? Ma si këmmeren sech drëms, dat Marke wéi z.B. Hyundai, Suzuki oder KGM, fréier SsangYong, hire Wee op Lëtzebuerg fannen. Hire Portfolio hu si a kuerzer Zäit enorm vergréissert an eng Partie vun hiren neie Modeller de Lëtzebuerger Journalisten zu Girsterklaus virgestallt. De Paul Origer war fir eis an den Osten gereest.…
Am Automag stelle mir iech an der Reegel "normal" Autoen vir. Haut ass et awer eng Nummer driwwer, jiddwerfalls wat d´Plazen ugeet. De Rich Simon war nämlech fir eis mat den zwee neien Minibussen vu Mercedes ënnerwee...
Den Toyota C-HR steet elo bei eis prett am Automag. C-HR steet fir Coupé High Rider, an di zweet Generatioun huet sech dann elo am Alldag misste beweisen. Wien souz hannert dem Volant? De Christian Schmit. Gudde Mëtteg.
Am Automag vun haut presentéiere mir iech de Mazda MX-30 e-Skyactiv R-EV. De Rich Simon stellt eis dëse klengen SUV vir. Wann ech mech richteg erënneren, hu mir awer schonns eng Kéier iwwer dësen Auto geschwat, Rich...
Laang virum SUV an dem Minivan war am Fong de grousse Kombi den idealen Auto fir d’Famill. An dëser Liga huet och ëmmer de VW Passat matgespillt. Während d’Limousine scho méi laang an d’Pensioun geschéckt gouf, huet de Kombi elo een Nofolger kritt. De Paul Origer huet fir eis den neie Passat zu Nice getest.…
1 Automag: Range Rover Evoque Plug-In Hybrid, 18/03/2024 2:55
2:55
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
2:55Haut da « very british » am Automag. Mir komme mam Range Rover Evoque Plug-In Hybrid. Dee stoung elo kierzlech an der Automag Redaktioun, an de Christian Schmit war domat ënnerwee.
7,6 Millioune mol huet en sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem, grousse Succès schwätzen. Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
7 Joer ass et schonn hir, dat Range Rover hir Interpretatioun vun engem SUV-Coupé gewisen huet. 2017 gouf de Velar nämlech um Salon zu Genève gewisen, antëscht krut en 2020 e Facelift. An, elo, 3 Joer méi spéit steet déi zweet Renovatioun um Programm. Wat genee sech alles geännert huet, seet eis elo de Paul Origer.…
Et ass net ëmmer den SUV, och aner Kategorie si wichteg Pilieren bei den Autosmarken. Esou ass z.B. bei BMW d’Business-Limousine nach ëmmer vill gefrot. Fir d’Münchner ass dat de 5er, dee wärend dem Festival exklusiv mat engem Event zu Lëtzebuerg virgestallt gouf. De Paul Origer war fir eis op der Plaz.…
Am Automag vun haut kucke mer eis de Mercedes-Benz CLA Coupé méi genee un. Dee krut nämlech e Facelift spendéiert – den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp weess wat dann elo nei ass.
Et ass déi lescht Jore méi roueg gi bei der Mark smart – no de Modeller fortwo a forfour koum näischt Neies méi no an iergendwéi war d’Mammenhaus Mercedes och net méi un deene klengen Autoen interesséiert. Elo ass de chinesesche Constructeur Geely mat am Boot an huet d’Mark smart mat engem neie Modell erëm opliewe gelooss. De Paul Origer ass fir eis den #1 gefuer.…
1 Op Besuch bei Rolf Hartge, Edeltuner aus dem Saarland, 15/02/2024 3:10
3:10
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
3:10« Im Kleinen entsteht Grosses » dat ass de Slogan vun eise Noperen am Saarland. A genee dohi geet d’Rees elo am Automag. Beckingen an Überherrn sinn eis Destinatiounen. Well do ass de Rolf Hartge Edel Tuner doheem. De Christian Schmit war dohin invitéiert.
Et gett wuel kaum en aneren Hiersteller, deen esou ënner Stroum steet, ewéi Tesla. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech mam Facelift vum Model 3 beschäftegt. An ob em d‘Hoër ze Bierg stinn, oder ob de Fonken iwwer gesprong ass, gi mer elo gewuer.
1 House of Innovation 2024 mam Stellantis Grupp, 08/02/2024 3:03
3:03
「あとで再生する」
「あとで再生する」
リスト
気に入り
気に入った
3:03Wëll jo zu Bréissel dëst Joer keen Auto Salon organiséiert gouf, hat de Grupp Stellantis decidéiert seng Nouveautéiten, an den Ausbléck op 2024 op enger anerer Plaz ze weisen. An hat um Brussels Gate Expo Space a säin "House of Innovations" invitéiert. De Christian Schmit war bis dorober kucke gefuer.…
Zenter e puer Deeg ass en eriwwer, den Autofestival 2024. Zäit fir ee klenge Bilan ze zéien, dofir ass de Paul Origer haut bei mer.
プレーヤーFMへようこそ!
Player FMは今からすぐに楽しめるために高品質のポッドキャストをウェブでスキャンしています。 これは最高のポッドキャストアプリで、Android、iPhone、そしてWebで動作します。 全ての端末で購読を同期するためにサインアップしてください。